E Wuertspill, dat den Ament ëm d'Welt geet: "Megxit". Heibäi ginn den Numm "Meghan" an den englesche Begrëff "exit" vereent.

Vill Leit a Groussbritannien a weltwäit hu kee Versteesdemech fir d'Decisioun vun der Koppel, déi via Instagram matgedeelt huet, sech vun hire royale Flichten zeréckzezéien. Dat weist och de Wuessfigure-Musée Madame Tussauds an der brittescher Haaptstad. Si hu sech nämlech dozou entscheet, den Herzog an d'Herzogin vu Sussex vun den anere Membere vun der Kinneksfamill ze trennen.

Dës Moossnam géing virun Ae féieren, wéi d'Entscheedung vum Prënz Harry a senger Fra Meghan dobaussen opgeholl gëtt, sou d'Management vu Madame Tussauds zu London.

Kuerz no der Annonce huet d'Meghan Markle dann och Groussbritannien verlooss. Wéi et offiziell vun enger Porte-Parole vum Buckingham Palace confirméiert gouf, ass d'Duchesse of Sussex gëschter schonn a Kanada bei hire Bouf geflunn. Dat brittescht Kinnekshaus gouf dës Woch jo kal vun de Pläng vum Prënz Harry a amerikanescher Fra erwëscht als héich Membere vun der Kinneksfamill wëllen zeréckzetrieden an ze schaffen, fir finanziell onofhängeg ze sinn.