Weder Looping nach abrupt Vitess: Wisou ass d'Achterban SkyCycle am Fräizäitpark Washuzan just eppes fir Adrenalin-Junkien?

Eng Achterban, wéi ee se seelen untrëfft, well se eenzeg an eleng vun der mënschlecher Kraaft ugedriwwe gëtt. Visiteure musse selwer pedalléieren, fir virunzekommen. Sëtze mécht een an engem oppene Waggon, ouni Gelänner ronderëm, awer dofir mat engem Kierfche bei de Féiss, an deen d'Wäertgéigestänn kënne placéiert ginn.

D'Vitess ka vu jidderengem selwer bestëmmt ginn. Och d'Bremse kënne vun all Passagéier selwer reguléiert ginn.

Wie sech traut, seng Ae wärend der Faart och emol opzemaachen, dee gëtt mat engem Panorama-Bléck op Okayama an d'Shimotsui-Seto-Bréck belount.