An hirem Online-Shop verkeeft d'Actrice Gwyneth Paltrow Käerze mat engem markante Geroch. En erënnert un den Intimberäich. D'Käerze si komplett ausverkaf.

U sech huet den Hollywood-Star et net néideg nach niewelaanscht Sue mussen ze verdéngen an awer geet d'Gwyneth Paltrow aner Weeër, fir hire Portemonni ze fëllen. Mat hirem Online-Shop "goop", dee si 2008 gegrënnt huet, huet d'Actrice allzäit vill Succès, kuckt een op de Gewënn vun 250 Milliounen Dollar.

Kéint de Succès eventuell och un hirem neie Produit leien?

D'Gwyneth Paltrow hat d'Iddi an hirem Shop Doftkäerzen ze verkafen, déi si selwer entwéckelt huet. De Geroch vun hirer neister Kreatioun ass awer duerch puren Zoufall entstanen a gouf einfach mol als Witz an hirem Shop ugebueden.  Resultat: Succès fou, d'Käerze waren direkt vergraff.

Ob et um Titel "This Smells Like My Vagina" läit?

Zesumme mam Parfurmeur Douglas Little hätte si experimentéiert an un enger neier Doft-Mëschung geschafft, bis d'Gwyneth iergendwann geruff hätt: "Dat richt jo genee wéi meng Scheed!" Dëst huet der Käerz och den Numm ginn, déi ee fir 75 Dollar ze kafe kritt.

© goop.com

Wien elo d'Gesiicht verzitt a sech freet, wéi genee esou eng Käerz iwwerhaapt riche soll: D'Komponente bestinn ënner anerem aus Geranien, saierlecher Bergamotte an Zedernholz, gemëscht mat Damaskus-Rousen an Ambrette-Som.

Den Interessi um Produit, deen ee just an den USA ze kafe kritt, ass jiddwerfalls enorm. Schonn no e puer Deeg war d'Käerz ausverkaf an et gi Waardelëschten, op deene sech d'Cliente mussen androen.

Als nächst kéint jo dann de männleche Pendant zu der Vagina-Käerz an de Shop kommen.