Nees en Deel vun der Gesellschaft ginn: dat ass de Wonsch vu ville Mënschen, déi op der Strooss liewen.

Ma genau dat wëll de Projet "My Streets" erreechen. Sans-abrise kréien d'Méiglechkeet, Touristen hir Heemecht aus enger éischter ongewinnter Siicht ze weisen... nämlech aus der Siicht vun engem Mënsch, deen alles verluer huet. Um Programm steet eng Mëschung vu lokaler Geschicht a perséinlechen Erliefnesser, vun Haaptattraktioune bis fréier Schlofplaze vun de Guiden.

Si kréien d'Méiglechkeet, frieme Leit hir Liewensgeschicht z'erzielen. Geschichte vu Mënschen, déi an eiser hektescher Welt iwwersinn oder deels bewosst ignoréiert ginn. D'Tâche als Touristeguide erméiglecht et de betraffene Persounen, en Daach iwwert dem Kapp ze fannen, sech z'integréieren a virun allem nees u sech selwer ze gleewen.

Bannent de leschte Joren ass d'Zuel u Sans-abrisen an Irland däitlech geklommen. Irish Times no wieren et am August 2019 iwwer 10.000 Mënsche gewiescht, dorënner ronn 3.800 Kanner.