Organiséiert gouf den Dag vum 75. Anniversaire de Syndicat d’Initiative an d’Gemeng vu Bettenduerf zesumme mam Musée d’Histoire Militaire vun Dikrech

E Samschdeg de Moie war d'Aweiung vun der Gedenkplack zu Éiere vum Vincent Festa. Hie war den éischten US-Zaldot, deen do gefall ass.

A Presenz vu senge Jongen, engem Representant vun der US-Ambassade an der Buergermeeschtesch goufen Blummen néiergeluecht an uschléissend gouf et Éierewäin vun der Bettenduerfer Gemeng. Mëttes war déi originalgetrei d'Rekonstruktioun vum "River Crossing" vun 1945 vun der US-Arméi, den Opbau vun der "Floating Bridge" an d'Iwwerquéiere vun der Sauer mat original Gefierer vun deemools, woubäi den Här Kreamer vu Bettenduerf 1945 mat dem éischte Camion eriwwergefuer ass. Och dëst war et him nees erméiglecht ginn, fir matzefueren. Sichtlech geréiert war den Här Kreamer well vill Erënnerungen nees opkomm sinn, och wann et net nëmme Schéiner waren.

Vill Leit waren do fir sech e Bild vun deemools ze maachen.