Pickegt Gedéiesch am SummerWéi gëtt ee Moustique lass?

Michèle Schons
Net all Insekt fält eis am Alldag op - bei de Moustiquen ass dat awer anescht. Si suergen dëse Summer nees fir vill Bass.
© pixabay

Wéi gëtt ee Moustique lass?

Nom Spadséiergang oder engem Owend op der Terrass ass et séier geschitt: e puer Moustiquebëss, déi Deeg laang bäissen. Verschidde Leit hu souguer den Androck, datt d'Bëss méi grouss a méi aggressiv gi sinn. Wa mer vu Moustique schwätze steet besonnesch d'asiatesch Tigermoustique ëmmer erëm am Mëttelpunkt. Konnt déi sech hei schonn etabléieren, Lieke Mevis vun Natur&Ëmwelt?

Menges Wëssens nach net, mer hate scho kleng lokal Populatiounen, déi sinn awer bis elo nach all mat Succès bekämpft ginn, also do si se schonn hannendrun, fir ze suergen, datt déi sech net ze vill ausbreeden, parcontre ass et awer warscheinlech, datt se sech iwwer kuerz oder laang awer hei wäert etabléieren, also datt mer do net derlaanscht kommen.

Mat neie Moustiquenaarte kënnt och ëmmer nees d'Fro op, ob doduerch nei Krankheete kënnen iwwerdroe ginn. D'Experte betounen awer, datt ee muss tëscht dem Optriede vun enger Aart an engem konkrete Gesondheetsrisiko ënnerscheeden.

Et ass elo net, fir gläich a Panik auszebriechen, mee jo, déi nei ageschleeften Insekte kënnen duerchaus och Krankheete matbréngen. Fir de Moment ass et net de Fall, mee als Beispill déi asiatesch Tigermoustique ass si eeben eng Moustique, déi och Krankheete kann iwwerdroen, zum Beispill den Zika-Virus. Dann awer och Krankheete wéi Dengue a Malaria ginn och vun där Mustik iwwerdroen. Elo ass et sou, datt mer effektiv schonn Noweiser vun der Tigermustique hei zu Lëtzebuerg haten. mee déi hunn déi Viren awer nach net a sech gedroen.

Onofhängeg dovun, wéi eng Moustique ënnerwee ass, kann all Mënsch selwer eppes maachen. Dat hëlleft géint d'Plo, ouni dobäi der Natur ze schueden.

Wann ee Reefässer huet, wou ee Reewaasser sammelt, déi propper ofdecken, stagnéierend Waasser evitéieren. Dat ass sou de perfekte Brutplaz fir Moustiquen. Wat och wichteg ass, ass einfach méi Diversitéit ronderëm d'Haus an de Gaart. Mir hunn eng ganz Rei natierlech Friessfeinden hei zu Lëtzebuerg, déi d'Populatioune vun de Mustiken natierlech an der Gitt halen. Dat sinn ënner anerem Libellen, Fliedermais, Schmuewelen, Spannen. Se sinn extreem nëtzlech a se verhënnere se wierklech d'massiv Ausbreedung vun esou Aarten, wéi zum Beispill Moustiquen.

Fliedermais friessen net nëmmen honnerte Moustique pro Nuecht ma och d'Larven. Wëllplanzen a Kräider wéi Lavendel, Tomate, Zitrounemelisse, Basilik, Rosmarin lackele vill Insekten un, déi och Moustiquen um Menu hunn. En Insektenhotel bitt hinnen zousätzlech en Ënnerdaach.

Back to Top
CIM LOGO