
Wéi de Justizministère en Donneschdeg matdeelt, ass d'Justizministerin Elisabeth Margue Mamm vun engem gesonde Jong ginn. Souwuel der Ministesch, wéi och hirem neigebuerene Kand, geet et gutt.
Fir dass d'Aktivitéiten am Justizministère normal kënne weider lafen, kruten temporär den Ëmweltminister Serge Wilmes an an enger spéiderer Phas den Inneminister Léon Gloden d'Delegatioun de signature iwwerdroen.