D'Koppel aus dem Grand-Duché huet hiren Alldag an hiren Job viru puer Joer opginn, fir duerch d'Welt ze reesen. Zanterhier liewe si vun hirem Reesmagazin.

Vun der Atacama Wüst, iwwert de Kaukasus oder queesch duerch all déi fantastesch Landschaften, déi sech am Mëttleren Oste verstoppen, d’Anabela an de Jorge reese mam Motorrad op Plazen, wou anerer dovunner dreemen. Si haten de Courage a fir hiren Dram ze verwierklechen, hu si den Alldag an den Job zu Lëtzebuerg viru 6 Joer opginn an entdecken zanterhier d’Welt, schaffe vun iwwerall fir hiren eegene Reesmagazin.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Mat "Diaries of" finanzéieren an deele si hiert Gléck mat hire Lieser. Déi 2 Weltenbummeler inspiréiere fir Aventuren op alle Kontinenter a waren elo viru kuerzem zu Lëtzebuerg, an do gouf déi nächst Rees an den nächste Magazin geplangt.

Vun wichtege Pabeieren iwwert e ganz spartanescht Pake vu grad emol 2 Motorradtäschen. Si reesen nämlech mam Moto, gouf et nach genuch ze dinn, éiert et an de Kambodscha goung.

© RTL Télé Lëtzebuerg