Live! Planet People am REPLAYJosiane Walentiny, Lex Heyar, Jean-Marie Wildgen

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People goung et ëm Blummen, Musek an d'"Mount Everest Challenge".
Live! Planet People
Am Live! Planet People goung et ëm Blummen, Musek an d’"Mount Everest Challenge”.

D’Josiane Walentiny ass eng Zort Blummefee an zitt hannert de Kulissen d’Fiedem bei der Fédération Horticole. Zu Lëtzebuerg gëtt et 386 kleng a mëttelstänneg Gäertnereien, déi ronn 1.600 Leit beschäftegen. Nächste Freideg ass Vältesdag an dat ass nieft Mammendag dee wichtegsten Dag fir déi 61 Floristen hei am Land.

Mof ass dem Lex Heyar seng Faarf, an zanter 1992 seng Grupp. Fir dëse Samschdeg invitéiert e mat anere Gruppen an d’Rockhal. De Line-up sinn Dapple Rose, Pineway, Atomic, Rocket, Seeders, Moof, S.K.O.R. Den Erléis ass fir d’Fondatioun Thierry van Werveke.

Als Bänker huet de Jean-Marie Wildgen jorelaang Asaz bewisen, elo geet et mam Lafband de Mount Everest erop. Sou en änleche Rekord hat e schonn emol opgestallt, an dëse Sonndeg versicht e wärend 4 Stonne säin Gléck um indesche Bazar, e Sonndeg am Centre Culturel zu Sandweiler. D’"Mount Everest Challenge” besteet doran, 22 Kilometer um Lafband zeréckzeleeë mat enger Vitess vu 6 Kilometer an der Stonn.

Back to Top
CIM LOGO