Déi schlecht Nouvellen um britteschen Haff gi weider. De Buckingham Palace huet en Dënschdeg matgedeelt, dass de Peter Phillips sech scheede léisst.

Den eelsten Enkel vu der Queen a seng Fra hunn no 12 Joer Bestietnes annoncéiert, datt si sech scheede loossen. D'Suergerecht fir hir 2 Meedercher wëlle si sech deelen.

No laangen Diskussioune wier d'Koppel sech eens ginn, dass eng Trennung dat bescht d'Kanner an hir Frëndschaft wier, heescht et an der offizieller Erklärung. D'Queen an hir Famillje wieren awer schonn d'lescht Joer informéiert ginn.

Den 42 Joer ale Jong vun der Prinzessin Anne ass zwar e Member vun der Kinneksfamill, vertrëtt si awer net an huet och keen Titel. Seng Fra Autumn hat de Peter Phillips 2003 beim Grand Prix zu Montreal kenne geléiert. 2008 hu si sech an der St. George's Chapel op Schlass Windsor bestuet a si hunn zesummen 2 Meedercher vun haut 9 a 7 Joer.

Eréischt virun e puer Woche war de brittesche Kinnekshaff an d'Schlagzeile geroden, nodeems de Prënz Harry a seng Fra Meghan annoncéiert hunn, sech vun hire royale Flichten ze distanzéieren. Do virdrun huet sech de Prënz Andrew, den zweeteelste Bouf vun der Queen, wéinst dem Mëssbrauch-Skandal ëm de verstuerwenen Jeffrey Epstein vun senge royale Aufgabe missen zeréckzéien.