Ob verbueden, geféierlech oder ëmweltschiedlech: fir Opmierksamkeet an de sozialen Netzwierker ze kréien, géinge verschidde Leit alles maachen.

Déi däitsch Influencerin Yvonne Pferrer ass ëmmer op der Sich nom spektakuläersten a schéinste Foto-Motiv, am léifsten op Reesen. Déi schéngen och gutt bei hiren 1,2 Millioune Follower unzekommen.

De 4. Juni post déi 25 Joer al Influencerin Dronebiller an duerno och Fotoe vum Königsbach-Waasserfall am Nationalpark beim Königssee a Bayern. Am Text ënnert dem Bild schwätzt si vun engem "Natural Pool". Well de Wee bei déi "natierlech Schwämm" geféierlech ass, waren d'Responsabel net frou, datt d'Influencerin hir Fans quasi dozou opgefuerdert huet, dohinner ze goen. Op Nofro hi wollt si d'Foto awer net läschen, huet awer nodréiglech dobäi geschriwwen, datt et effektiv geféierlech wier an datt een d'Natur net verknaschte soll.

Eng lokal Zeitung, de "Berchtesgadener Anzeiger", schreift, datt dëse Waasserfall schonn dacks an de soziale Medien zirkuléiert wier. Eng nei Touristenattraktioun fir déijéineg, déi op der Sich no der perfekter Foto sinn. Mä wéi vill wäert ass engem dës Foto? Et géif express kee Wee fir dohinner ginn, well en ze geféierlech ass. En plus gouf d'Natur an de leschte Jore massiv beschiedegt a verknascht, well ze vill Leit duerch den Nationalpark gelaf sinn.

Am Artikel heescht et, d'Influencer misste méi responsabel sinn, an d'Leit net muttwëlleg op geféierlech Plaze lackelen an dobäi d'Natur zerstéieren. D'Responsabel vum Nationalpark erënneren och dorunner, datt Dronebiller ouni Autorisatioun, wéi déi vum Yvonne Pferrer, illegal sinn. Dofir ermëttelt d'Police och elo géint déi 25 Joer al Fra.

Schonn dacks hunn d'Liken an d'Internetsensatioune méi gezielt wéi d'Gesondheet oder d'Natur. A Russland hunn zum Beispill Leit an engem toxesche Séi Fotoe gemaach, gëftegen Offall hat dee blo gefierft. Verschiddener hunn dobäi een Ausschlag mat a Kaf geholl.

Et sinn och schonn eng Partie Leit gestuerwen, wéi se ee spektakuläre Selfie maache wollten. Viru Kuerzem ass zum Beispill ee jonkt Meedchen zu Madrid dobäi ëm d'Liewe komm. Hatt ass e puer Etagen an d'Déift gefall, wéi et e Selfie op engem Daach maache wollt.