All Mënsch kennt d'Lidd "The Lion Sleeps Tonight". En amerikanesche Sänger huet dat Lidd elo an eng Anti-Trump-Hymne verwandelt.

Et ass e Lidd, an deem den amerikanesche President Donald Trump matten an der Corona-Kris als Ligener duergestallt gëtt, deen a sech selwer verléift ass. De Clip dozou verbreet sech massiv an de soziale Medien.

Den Original baséiert op e Klassiker aus den 30er Joren an ass ënnert anerem och duerch de Film "The Lion King" bekannt. Hei gouf den Titel awer extra op de President ugepasst an op seng Virléift ze twitteren: "The Liar Tweets Tonight" - "De Ligener tweet dës Nuecht". Am Lidd heescht et och, den Trump misst ofgewielt ginn - "Vote him away". Donieft ginn nach emol fréier Aussoen iwwert de Coronavirus ervirgehuewen. Den US-President hat de Virus jo mat der normaler Gripp verglach an ënnert anerem als Witz a Putsch-Versuch vun den Demokrate bezeechent.

De Video vum Kabarettist Roy Zimmerman krut e Mëttwoch den Owend op der Säit vun der Facebook-Säit "Occupy Democrats" schonn iwwer 200.000 Likes, gouf 360.000 Mol gedeelt a gutt 12 Millioune Mol gekuckt.