International Reaktiounen
Um genee 5 Auer an 13 Minutten ass e Sonndeg eisen iwwernächste Grand-Duc op d'Welt komm, de klenge Prënz Charles.
Eng schéin Nouvelle an dëse schwéieren Zäiten, déi déi ganz Corona-Situatioun kuerz an de Schied gestallt huet. Ma net nëmme ganz Lëtzebuerg huet sech mat de frëschgebakenen Eltere gefreet, mee och all d’Frënn vun der Monarchie ronderëm d'Welt. Wéi eng Reaktiounen d'Noriicht vum royalen Nowuess am Ausland ausgeléist huet, huet d'Vidosava Kuzmic resuméiert.
No der offizieller Annonce iwwer d’Schwangerschaft am Dezember 2019, hu mer all gespaant op d'Gebuert vum royalen Nowuess gewaart. E Sonndeg de Moie war et dunn sou wäit: de Prënz Charles ass per Keeserschnëtt op d'Welt komm, verkënnegt ee midden, mä gléckleche Papp.
An déi éischt Fotoen hunn net laang op sech waarde gelooss. Wann och ënnert enger éischter ongewinnter Form – fannen och d’Vertrieder vun der internationaler Presse. Déi houfreg Grousselteren hunn de klenge Prënz nämlech iwwert ee Video-Call kennegeléiert. An esou sinn dann déi éischt offiziell Fotoen entstane vum Puppelchen an den Äerm vum Ierfgroussherzog Guillaume.
Ma och den Numm vum iwwernächsten Trounfollger war en Thema an der Presse. Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume. Een Numm dee bei seng zukünfteg Roll géing passen, fannen eis däitsch Kolleegen.
Eng aner Plattform huet d’Ierfgroussherzogin Stéphanie kuerzerhand gekréint. Am Titel vum Artikel huet och hiren Titel geännert: “Großherzogin” heescht et do.
Ma generell kann ee soen, dass d’Freed ënnert de Royal Fans grouss ass. Och op Twitter koumen eng Rei Gléckwënsch eran, vun iwwerall ronderëm d’Welt. Déi séisste Gratulatioun kënnt awer wuel vum User “Gert’s Royals”. Ee Kuch an de Faarwe vum Lëtzebuerger Fändel.