Den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra Stéphanie sinn Eltere ginn
Laang huet een op d'Annonce gewaart, dass d'ierfgroussherzoglech Koppel géing e Kand erwaarden. Am Dezember zejoert war et souwäit, lo ass d'Kand do.
Den neien Trounfollger ass den 10. Mee um 5.13 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d'Welt komm. D'Kand steet op zweeter Plaz an der Trounfolleg, hannert dem Ierfgroussherzog Guillaume.
Dee klenge Prënz kritt den Numm Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume an huet e Gewiicht vun 3,190 kg an eng Gréisst vu 50 cm.
"Der Mamm an dem Puppelche geet et gutt. D’Ierfgroussherzoglech Koppel freet sech elo schonn drop, hire Landsleit d’Kand kënnen ze presentéieren.", steet am offizielle Communiqué.
Zanter dem Gesetz vun 2011 kënnt dat éischt Kand vun der Koppel op den Troun, onofhängeg ob et e Jong oder e Meedchen ass. Virdrun haten d'Frae just d'Recht, op den Troun ze kommen, wa keen direkte männlechen Nokommen do war.
FOTOGALERIEN: Alles ëm d'Hochzäit vun der ierfgroussherzoglecher Koppel
Zanter dem 20. Oktober 2012 sinn den Ierfgroussherzog an d'Stéphanie de Lannoy bestuet. Am September 2018 war d'Koppel op London geplënnert, wou de Prënz Guillaume um Royal College of Defence studéiert huet. An där Zäit huet d'Ierfgroussherzogin hir konschtgeschichtlech Etüden um renomméiert Sotheby's Institute verdéift.
2019 ass d'Koppel nees op Lëtzebuerg zeréckkomm a wunnt zanterhier op Schlass Fëschbech. Kuerz drop, Ufank Dezember zejoert, ass d’Schwangerschaft vun der Prënzekoppel offiziell ginn.
Et gouf ewell ee Prënz Charel (1927 -1977) an eiser Monarchie. Dëst war de Jong vun der Grande-Duchesse Charlotte an dem Prënz Félix. Eent vun de 6 Kanner vun der Koppel an domadder och Brudder vum Grand-Duc Jean a Monni also vun eisem aktuelle Grand-Duc Henri.
Och an der belscher Adel-Famill vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie, spillt den Numm Charles eng Roll: ee vun de bekanntste Vertrieder vun der Maison de Lannoy war de Feldhär a keeserlechen Offizéier Charles de Lannoy (1482-1527), Vizekinnek vum Kinnekräich Neapel, dee fir de Keeser Karl de 5. gekämpft huet.
A Philippe huet jo de Papp vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie geheescht, deen eréischt d'lescht Joer am Januar am Alter vu 96 Joer gestuerwe war.
Wie Pätter a Giedel vum klenge Prënz gëtt, gouf nach net kommunizéiert.
