31 Joer laang huet de René Loschetter Touristen duerch d'Stad gefouert.

De René Loschetter war schonn als klenge Jong un der Geschicht vu Lëtzebuerg interesséiert. Als Erwuessenen ännert sech bemol säi Beruffsliewen an esou kritt hien d’Méiglechkeet, fir an der Stad den Touriste Visite-guidéeën ze maachen.

E puer Joerzéngte féiert hie sämtlech Touristen duerch Lëtzebuerg an esou weess hien, déi eng oder aner Anekdoten ze erzielen. Dausende vu Kilometer an Dausende vu Leit huet de René hannert sech, an elo dierf hien déi wuelverdéngte Pensioun genéissen. De Philippe Dondelinger hat d’Éier virum Coronavirus dee leschten Tour mat him duerch d’Stad ze maachen.