Ob elo Vakanz doheem oder am Ausland, an der Natur, um Strand oder an enger Stad: Do gëtt et aktuell nach kee richtegen Trend

Et ass esou lues un der Zäit, sech Gedanken iwwer d'Vakanzesaison ze maachen. Am Ausland op der Plage oder an de Bierger ofschalten oder awer Vakanz doheem? Esou lues ginn op jidder Fall d'Grenzen an Europa erëm op an den Tourismussecteur hofft op d'Loscht vun de Lëtzebuerger ze verreesen.

Dem Tourismussecteur gëtt mat verschiddene Mesuren ënnert d’Äerm gegraff. Dat huet den zoustännege Minister Lex Delles och nach emol an engem Online-Debat, dee vum lëtzebuergeschen Büro vum Europaparlament organiséiert gouf, betount.

De Bong vu 50 Euro ass einfach, fir Lëtzebuerg ze entdecken. Fir ze soen, dass Lëtzebuerg och eng Vakanzendestinatioun ka sinn.“

Vun der Campagne „Vakanz doheem“ profitéieren d’Reesbüroen also net direkt, esou de Pascale Backes, Responsabele vun engem Reesbüro.

„Also wann et eis eppes soll bréngen, da mussen d’Leit dat och bei eis buchen, well soss hunn mir näischt dovunner.“

Den Ament géingen d’Leit sech vill renseignéieren. D’Loscht, fir och mol iwwer d’Grenz, elo wou et nees méiglech ass, wier op jidder Fall do. D’Recommandatioun aus de Reesagencen ass däitlech:

D’Hoteller hunn verschidde Restriktiounen, mä wann et ugebuede gëtt, dann ass et och sécher. Mir hu jo och keen Interêt dorunner, d’Leit enzwousch hinzeschécken, wou et net sécher ass oder wou si sech net wuelfillen. An fir de Rescht ass et wéi hei, et muss een eng Mask undoen op ëffentleche Plazen. Mä mir mussen einfach léieren, mam Virus ze liewen.“

Et géing een ëmmer nees iwwerpréiwen, wéi d’Situatioun op der Plaz ass. Villes géing sech nämlech den Ament séier änneren. Wat d‘Destinatiounen ugeet, passt sech d’Reesbranche dowéinst un, seet de Berny Ley, Direkter vun enger Reesagence.

„Mir hunn och elo mat LuxairTours-Flich op Salzburg oder Innsbruck opgesat. Fir Leit, déi méi kuerz Volle wëllen a well jo och verschidde Plazen ewechgefall sinn. Den Maghreb ass nach net op, och bei der Tierkei weess ee net richteg, wéini dat wäert opgoen. Dofir hu mir éischter op Europa gesat. Bordeaux oder Marseille sinn och elo dobäi. Dat heescht, do kommen elo ganz aner Offeren.“

En Trend, ob d’Leit éischter an d’Natur oder an eng Stad wëllen, géing sech nach net weisen. Sécher wier awer, dass déi grouss Croisièresschëffer nach eng Zäitchen am Hafe musse bleiwen.