Et ass eng dramatesch Nouvelle: Vun der Actrice Naya Rivera feelt zanter engem Bootsausfluch mat hirem 4 Joer ale Jong all Spuer. Si soll erdronk sinn.

D'Naya Rivera ass bekannt ginn duerch hir Roll als Santana Lopez an der Erfollegsserie "Glee", ma fir hir Famill hat si sech 2015 aus der Serie zeréckgezunn. Zesumme mat hirem Ex-Mann Ryan Dorsey hat si dat Joer hire Jong Josey kritt. Elo gëllt si als vermësst.

E Mëttwoch huet d'Actrice mat hirem Bouf e Bootsausfluch a Südkalifornien gemaach. D'Police huet de 4 Joer ale Josey am Nomëtteg am Boot fonnt - eleng. Hien huet de Beamte gezielt, dass seng Mamm an d'Waasser gespronge wier an net nees an d'Luucht komm wier.

Eng direkt lancéiert Sichaktioun hat kee Succès. Bis ewell feelt nach all Spuer vum der Schauspillerin. D'Police geet antëscht dovun aus, dass d'Naya Rivera dout ass.

Si hat nach den Dag selwer eng Foto op social Media gesat, zesumme mat hirem Jong. Dës Foto ass wuel kuerz virum trageschen Accident entstan.