De Corona-Lockdown huet weltwäit Mënschen zu aussergewéinleche Schrëtt a Moossname verleet.

Een dovun ass de Kleon Papadimitriou. Wéi sech de Coronavirus am Fréijoer ëmmer méi an Europa verbreet huet, huet sech de Student dozou entscheet, zeréck a seng Heemecht ze fléien. Méi einfach gesot wéi gemaach. Säi Vol gouf nämlech wéi dausende weider Flich gestrach. Kee Grond einfach opzeginn, huet sech de jonke Griich geduecht an ass mat sengem Vëlo duerch ganz Europa pedalléiert.

Ufanks wier dës Iddi just "Wonschdenke" gewiescht, huet hien CNN géintiwwer erzielt. Jee méi hien iwwert d'Streck recherchéiert huet, desto méi Form huet seng Iddi ugeholl.

Mat am Gepäck hat de Kleon Papadimitriou en Zelt, e Schlofsak an Handwierksgeschier. Erniert gouf sech vu Fësch aus der Béchs, Afennossbotter a Brout, iwwernuecht huet den 20 Joer ale Mann op Felder an a Bëscher.

Ugefaangen huet d'Rees a Schottland, weider duerch England iwwer Holland an Däitschland, dunn ass hien duerch Éisträich gefuer bis un d'italienesch Küst, wou hien e Boot geholl huet a Richtung Patras. Dat lescht Stéck bis op Athen huet hien nees mam Vëlo zeréckgeluecht. Am Schnëtt ass de Griich tëscht 55 an 120 Kilometer den Dag gefuer.

No 48 Deeg um Suedel konnt hien de 27. Juni vu senger Famill empfaange ginn. Ma net just senger Fitness huet dëse Vëlostour eppes Positives bruecht. Wéi hien CNN géintiwwer erkläert, hätt hie sech als Mënsch duerch dës Erfarung verännert: "Ech denken, d'Rees huet mech als Persoun verbessert. Ech si méi selbstbewosst ginn a vertraue mengen eegene Fäegkeeten".

Via social Media konnte seng Famill, Frënn a Mënschen aus der ganzer Welt seng aussergewéinlech Aventure matverfollegen. Reegelméisseg huet hie Biller eropgelueden a säi Standuert gedeelt.