Eng Kompensatioun vun 3.000 Dollar proposéiert d'Campagne "Safe Travel Guaranteed" fir all Tourist, dee sech wärend dem Openthalt mam Coronavirus ustécht.

Mat dëser Aktioun well Usbekistan säin Tourismus erëm un d'Lafe bréngen. Usbekistan ass awer net dat eenzegt Land, wat esou Aktioune proposéiert, fir hiren Tourismussecteur z'ënnerstëtzen.

Cancún a Mexiko hat schonn d'Campagne "Come to Cancún 2x1" lancéiert, déi de Léit ubitt, fir 2 reservéiert Nuechten 2 weider Nuechten dobäi geschenkt ze kréien. Dobäi kréie si och ee Fluchticket rembourséiert, soudass d'Léit ee Partner kënne matbréngen.

Zypern huet do eng änlech Approche wéi Usbekistan. Si géinge bei all Tourist, dee sech mam Covid-19 ustécht, d'Käschte vum Hotel, vum Iessen a vum Spidol iwwerhuelen.

Schonn am Mee hat och de Casinosbesëtzer Derek Stevens 1.000 Flich verschenkt, fir op Las Vegas ze fléien. Dat mat der Hoffnung, den nationalen Tourismus erëm un d'Rullen ze bréngen.