RTL an d’Lëtzebuerger Touriste-Büroen hu sech zesummegedoen a Vakanzentipps fir är Vakanz heiheem zesummegestallt.

An dësem éischten Deel fuere mir der Kompassnol no an déi weist a Richtung Norden.

Bëscher, Koppen an Däller: d’Éislek huet en eenzegaartege Charme. Schonn am Mëttelalter taucht de Begrëff "Osning" op, deen net nëmmen eist Éislek, mä och een Deel vun de belschen Ardenne bezeechent.

Vun deene sëllege Schlässer, déi mir hei am Land hunn, ass et d’Veiner Schlass dat déi meeschte Visiteuren unzitt. Dat huet sech wuel erëm geschwat, well am Joer 2019 huet CNN d’Schlass vu Veianen op d’Lëscht vun den 21 schéinste Schlässer vun der Welt gesat.

© Natasa Pavlovic Comite inspiring Luxembourg

Et ass eent vun deene gréisste befestegte Schlässer westlech vum Rhäin, seng Geschicht geet bis an d’10. Joerhonnert zeréck. Ënnert dem hollännesche Kinnek Wëllem den 2. gouf et 1820 un de Veiner Bierger Wenzel Coster verkaf, deen d’Gebailechkeeten ofgedroen a Stéck fir Stéck verkaf huet. Eréischt an de 70er Joren goung d’Buerg un de Staat iwwer a gouf vun do un no an no rekonstruéiert a restauréiert.

Déi mëttelalterlech Buerg uewen op der Kopp ass elo nees fir de Public accessibel. En Tipp: "Move like (Mick) Jagger" Wann dir net gären ze Fouss dee géie Bierg eropgitt, da maacht et wéi dee legendäre Rolling Stone et 1995 virgemaach huet, an huelt de Sessellift.

© Hotel Petry

D’Foto vum Mick Jagger a sengem Jong am Sessellift hänkt haut an der Entrée vum Hotel Petry zu Veianen. Dozou gëtt et eng Anekdot: Deen eeleren Här, deen d'Billjeeë verkaf huet, war offensichtlech kee Fan vun de Rolling Stones, hien huet weder déi nach de Mick jagger kannt. Dowéinst konnt de Sir Mick dann och d’Vue a Rou genéissen, ganz incognito.

An dee Panorama sollt ee sech net entgoe loossen, vun uewe gesäit een iwwert dee ganzen Ourdall. Vir oder no ärer Visitt am Schlass kënnt dir eng Paus an der "Buvette Télésiège" aleeën.

© Buvette Telesiege

Déi gréisste Buerg am Land ass d’Schlass zu Buerschent, ganz uewen um Fiels, héich iwwert dem Sauerdall.

© Alfonso Salgueiro / LFT

De Site ass zënter der Réimerzäit bewunnt, d’Schlass wéi mir et haut kennen, datéiert aus dem 15. Joerhonnert. Mat senger Buergmauer a sengen 11 Tierm ass et een imposant Gebai, dat eng 150 Meter iwwert der Sauer trount. Natierlech kann een och d’Buerschenter Schlass kucke goen a sech vun den Audio-Guiden (disponibel a 7 Sproochen) d’Geschicht vum Schlass erziele loossen.

Kinnek oder Kinnigin am Norde fir een Dag?

Wann dir iech gäre fillt wéi d’Schlasshären oder d'Schlassdamme vu Buerschent, da kënnt dir d’Schlass och fir Privatevenementer lounen.

Wann d’Sonn bis ënnergaangen ass, weist d’Schlass sech vu senger schéinster Säit. Déi spektakulär Beliichtung versetzt een zeréck an eng mëttelalterlech Märchewelt.

Dir gitt gären trëppelen, am beschten ouni e schwéiere Rucksak ze schleefen?

De "Lee Trail" ass ee vun de schéinste Wanderwéeër am Land.

© Visit Eislek

Den Numm kënnt vun den Éisleker Leeën, déi géi Pied, déi typesch fir de Sauerdall sinn. A wann dir gären onbeschwéiert trëppele gitt, dann ass d’Optioun "wanderen ouni Gepäck" fir iech genee dat richtegt.

Am Éislek ginn et e sëllege flott Trëppeltier a mat dësem Link kënnt dir iech deen eraussichen, dee vum Schwieregkeetsgrad a vun der Distanz hier bei iech passt.

Zum Beispill de "Sentier des passeurs" an der Géigend vun Ëlwen, op deem Lëtzebuerger Resistenzler am Zweete Weltkrich Mënsche gehollef hunn, fir iwwert d’Grenz an d’Belsch ze flüchten.

Fir ëmmer um Lafenden ze bleiwen, luet iech d’Éislek-App erof. Hei fannt dir och déi schéinsten Ecker aus der Regioun, fir spadséieren ze goen an ze fotograféieren.

© Visit Eislek

E geheime Kierfecht ënnert der aler Laurentiuskierch zu Dikrech.

Den ënnerierdesche Kierfecht mat 20 stengene Särg, warscheinlech aus der Zäit vun de Merowinger, gouf am Joer 1960 entdeckt.

Op de Site vun der Laurentiuskierch kënnt een duerch de Geschichtsmusée.

"On se Biitsch"... eng vun deene schéinste Plagë un der Sauer

Wann dir zu Buerschent ukommt, da fuert der der Strooss "Buurschter Plage" no bis dir bei de "Camping du Moulin" kommt. D’Plagë laanscht d’Sauer si perfekt, fir ze picknicken oder schwammen ze goen.

Hei fannt dir och den Hotel Restaurant Cocoon "Hotel Belair". Hei wäert dir iech fille wéi op Hawaii.

© Cocoon hotels

Net ze vergiessen de Stauséi, déi klassesch Destinatioun fir sech op engem waarme Summerdag am Waasser ofzekillen. D’Plagë fannt dir zu Buerfelt, Ënsber, Lëlz, Léifreg an op der Rommwiss.

© Sabino Parente /LFT

Fir en Tour mam Solarboot kënnt dir zu Ënsber u Bord goen

© Ministry of Economy/LFT

Zwou Stonnen dauert d’Rees bei där dir ganz ëmweltfrëndlech mam Solarboot ënnerwee sidd. D’Flora an d’Fauna vum Uewerstauséi, d’Geschicht vum Stauséi an zu gudder Lescht e Besuch am Bëschentdeckungszenter Buerfelt.

Kanufueren op der Sauer

© Paul Bonert

E Kayak lounen an d’Sauer op eege Fauscht kenneléieren. Tëscht Dikrech an Angelduerf ass et ideal d’Sauer fléisst lues an et brauch ee keen Expert ze sinn, fir d'Zäit um Waasser ze genéissen. Kanner ënner 6 Joer si leider net zougelooss.

"The Family of Man", déi weltberüümt Ausstellung zu Klierf vun där souguer Biller an d’Weltall geschéckt goufen.

2 Millioune Fotoe vu Fotografen aus aller Häre Länner huet den Edward Steichen sech ugekuckt, fir déi 500 Wierker erauszesichen, déi fir "The Family of Man" zesummegestallt goufen.

© Jonathan Godin / LFT

De gebiertege Béiwenger, deen a jonke Joren zesumme mat senger Famill an d’USA ausgewandert war, huet wärend 2 Weltkricher als Fotograf geschafft. Hie wollt dat typescht Mënschlecht festhalen, dat wat all d'Mënschen op der Äerd verbënnt. D’Ausstellung kann een am Clierfer Schlass kucke goen.

© Th Reinhardt / LFT

Eent vun de Biller, dat d’Gebuert vum Puppelche vum Steichen sengem Assistent Wayne Miller weist, gouf u Bord vum Voyager Spacecraft an de Weltall geschéckt.

Eng Nuecht am Klouschter bei de Pateren an der Clierfer Abtei

© Visit Eislek

Klouschteratmosphär selwer materliewen: An der Clierfer Abtei kann ee sech net nëmmen eng Ausstellung ukucken, mä et kann een och eng Nuecht am Benediktiner-Klouschter Saint Maurice verbréngen (nëmme fir Männer). Fir d’Damme ginn et Iwwernuechtungsméiglechkeete bausse vun de Klouschtermaueren.

D'Landliewen a fréieren Zäiten

An der "Robbesscheier" zu Munzen kann ee bei e sëllegen Ateliere matmaachen, eng al Seeërei gesinn, op engem Iesel reiden, alles iwwert d’Liewe vun de Bauere léieren, oder an enger Päerdskutsch matfueren.

© A Robesscheier

An der Robbesscheier kënnt dir och iwwernuechten.

Den Office Régional de Tourisme (ORT) Éislek recommandéiert de "Sentier Adrien Ries". Deen 48 Kilometer laange Wanderwee verbënnt déi 6 Gemenge vun der Nordstad a féiert duerch Wisen, Bëscher a Felder. Ënnerwee kann een eng Rei Schlässer bewonneren, dorënner d’Schlass Colmer-Bierg, d’Residenz vum Groussherzog.

© Visit Eislek

Denkt drun: wéinst der Covid-19 Situatioun kënnen et zu all Ament Ännerunge ginn, liest wgl. d’Informatiounen op de respektive Websäiten!