Fir datt manner Iessen ewechgehäit gëtt, sollen d'Restauranten a China zënter dëser Woch ee Plat manner erausginn, wéi Leit um Dësch sëtzen.

Dës "N-1"-Reegel gëtt och, wann e bëssi anescht, fir Gäscht applizéiert, déi eleng iessen: da sollen d'Restaurante méi kleng Portiounen zerwéieren. D'Initiativ heescht iwwersat "Campagne Gebotzten Teller" a gouf an d'Liewe geruff, nodeems de President Xi Jinping d'Quantitéit vum verschwenten Iesse kritiséiert huet.

Wat a China géif wechgehäit ginn, wier "schockéierend". Zemools d'Corona-Pandemie hätt dat nach emol kloer gemaach. D'Sécherheet an d'Versuergung vum Iesse misste garantéiert ginn. Schonn 2013 gouf d'Campagne "Operatioun Eidelen Teller" lancéiert. Deemools sollt awer just bei grousse Fester gespuert ginn an net beim privaten Iessen.

Dës Mesure kënnt an der Pandemie an och nodeems grouss Iwwerschwemmunge sëllege Felder mat sech gerappt hunn, ma och generell ass d'Verschwendung vu Liewensmëttel bei der 1,4-Milliarde-Populatioun vu China ee Problem.

Enger Etüd vun 2018 no ginn a Restauranten op de Kapp ronn 100 Gramm Iessen wechgehäit. 2015 huet WWF China eng Quantitéit vu 17 bis 18 Milliounen Tonnen Iessensreschter opgezeechent. Domadder kéint een all Joer 30 bis 50 Millioune Leit fidderen, bal esou vill wéi d'Populatioun vu Südkorea zum Beispill.

Iessen a grousse Gruppen a Restauranten ass a China eng Traditioun. Da gi meeschtens vill Plate bestallt, déi gedeelt ginn an dacks gëtt méi bestallt, wéi d'Gäscht herno packen.

Donieft huet déi chinesesch Staats-Tëlee CCTV ee verschwendereschen Online-Trend kritiséiert: de Mukbang. Den Term "Mukbang" kënnt aus Südkorea a beschreift Livestreamen, an deene Leit am Internet virun der Kamera iessen. Verschidden Internet-Perséinlechkeeten iessen ëm d'Wett oder eleng esou grouss Quantitéiten, datt si sech herno mussen iwwerginn.

An och aner Zuele sinn alarméierend. Obwuel Studien no vill Iesse leie bleift um Teller, huet sech d'Zuel vun de fettleiwege Leit a China an de leschten 10 Joer verdräifacht.