Hefteg diskutéiert gëtt den Ament iwwert eng chineesesch Restaurantschaîne, déi hir Platen dem Gewiicht vun hire Clienten upasst.

An de Lokaler vun der Restaurantschaîne Chulyan Fried Beef steet eng Wo. Domat gëtt awer net d'Iesse gewien, dat zerwéiert gëtt, mä de Client selwer. D'Iddi dohannert ass einfach: Jee no Kierpergewiicht kritt de Gaascht eng Moolzecht aus der Menüskaart proposéiert.

U sech hätt ee wéilte mat dësem Konzept eppes Guddes bewierken a sech un enger nationaler Campagne géint Liewensmëttelverschwendung bedeelegen. Op Basis vum Kierpergewiicht hätt d'Personal de Leit e Plat mat entspriechender Kalorienunzuel proposéiert. Vun CNN heescht et, dass am Restaurant Plakater houngen, op deene Slogane wéi "Maach däin Teller eidel" stoungen.

Eng Iddi, déi bei ville Leit net gutt ukomm ass. Wéi den US-Noriichtesender CNN nach schreift, wier d'Lokal online vill kritiséiert ginn a krut Diskriminéierung vun Iwwergewiichtege virgehäit. No enger Partie negative Reaktiounen huet de Restaurant missen zeréckrudderen an huet sech bei der Clientèle entschëllegt.

Wichteg war et dem Chef vum Restaurant ze betounen, dass ee keng Persoun gezwongen hätt, op d'Wo ze klammen. Ausserdeem wier d'Kierpergewiicht net ëffentlech ugewise ginn, mä all Gaascht hätt d'Iessensrecommandatioun op de Smartphone geschéckt kritt. Wéi d'chineesesch Zeitung "South China Morning Post" mellt, géing d'Aktioun dowéinst och weidergefouert ginn, fir weiderhi géint d'Verschwendung vu Liewensmëttel virzegoen.