Net an der Luucht, an awer am 7. Himmel: Sou komme sech wuel d'Gäscht zu Pattaya vir, déi sech viru Corona keng Business class leeschte konnten.

Wéinst der Corona-Pandemie musse vill Fligeren um Buedem bleiwen, well eng Partie international Fluchhäfen nach ëmmer net ugeflu ginn. Ma op d'mannst kënne Vakanzefrënn an Thailand nees e bëssen op de Goût vum Fléie kommen.

Zwar net an der Luucht, dofir awer mam selwechte Service: An de Fliger-Caféen zu Pattaya kënne Gäscht et sech esou richteg gutt goe loossen. An der éischter Klass kritt een nämlech déi typesch Bord-Menüe wéi Spaghetti Carbonara zerwéiert. Natierlech an de klassesche Plastiksbehälter, déi och soss wärend de Vollen um Platto stinn... Nostalgie pur!

Fir dësen Ausfluch esou realistesch wéi méiglech wierken ze loossen, huelen d'Passagéier esouguer falscht Gepäck mat, dat virum Boarding kontrolléiert gëtt.

Esoulaang d'Awunner an Thailand weiderhin op d'Reese verzichte mussen, kréie si mat dësem Café wéinstens e klengt Stéck Vakanz zeréck. An esou séier wäerten d'Passagéier dëse Restaurant-Besuch och net méi vergiessen... nach ni war Iessen an Drénken an der éischter Klass esou bëlleg!

© AFP/Mladen ANTONOV