De Christian Schmit hat bei senger Visitt d’Chance, ee vun den 3 Personnagë kennenzeléieren, déi den Original entdeckt haten.

An den nächste Minutten huele mir iech mat an d’Ardèche. Op déi Plaz, wou viru genee 5 Joer eng Grott am Fokus stoung. D’Grott Chauvet. Chauvet 2 steet fir d’Replik, also déi nogebauten Hiel, déi een absolut Meeschterwierk gouf.

Grott Chauvet / Reportage Christian Schmit

Den 18. Dezember 1994 hunn de Jean-Marie Chauvet, d‘Eliette Brunel an de Christian Hilaire duerch Zoufall d’Grott Chauvet an der Ardèche no bei Vallon Pont d’Arc entdeckt. Kuerz drop stoungen déi 3 Hobby-Speleologen viru Wandmolereien, déi 36.000 Joer al dierfte sinn.

Séier stoung fest, fir dass déi eemoleg Decouverte erhale bleift, een net dee selwechte Feeler dierft maachen, wéi bei der Grott Lascaux an de 1940er Joren, also fir de breede Public accessibel sinn. Dowéinst ass, 3 Kilometer Loftlinn vum Pont d’Arc ewech, 2015 no 2 Joer Bauzäit an engem Investment vu 55 Milliounen Euro Chauvet 2 ageweit ginn. Héich modern Technik trëfft hei op d’Steenzäit. Eng wierklech beandrockend Fälschung, ganz no um Original drun.

Wann ee bis dobannen ass, da vergësst een, dass hei alles just „kënstlech“ ass. Et ass genee esou däischter, fiicht a frësch wéi an enger „richteger“ Grott. Chauvet huet dem Christian Hilaire säi Liewen op d’Kopp gestallt. Bis haut. Well och 25 Joer dono ass hien nach ëmmer gefrot, fir als Zäitzeien ze verzielen, wéi deemools no der éischter Decouverte.

Bis viru Corona waren et ëm déi 350.000 Visiteuren d’Joer, déi aus der ganzer Welt ugereest sinn, kréie mir vum Valérie Molès, Porte-Parole vum Site Chauvet 2, erkläert.

Chauvet 2 an der Ardèche, sécher e Besuch wäert och fir net-Speleologen. Well nieft der Visitt vun der Grott jo och nach dat ganzt Joer iwwer Expoen um Programm stinn. Och eng 30.000 Schüler kommen all Joer fir edukativ Zwecker. Dat läit dem Conservateur vum Site besonnesch um Häerz.