Studenteliewen a Corona-Zäiten ass een anert
Wéi ass et elo an dëser Zäit Student ze sinn? Wéi einfach ass et Uschloss ze fannen? A wéi bleift een dobäi nach motivéiert? Dat hu mir 2 Studente gefrot.
Denkt een zeréck u seng eegen Zäit op der Uni, da kommen engem warscheinlech Biller vu lëschtegen Owenter an de Kapp. Et si Frëndschafte geschloss ginn, déi ee Liewe laang halen an et gi Momenter mateneen erlieft, déi een net méi wäert vergiessen. Et huet een zesummen an der Bibliothéik geléiert a gelidden, a grad esou huet ee säi Liewen no der Examenszäit nees genoss. Ma a Corona-Zäiten ass d'Studenteliewen een anert.
Op der Uni.lu hat een elo iwwert de Summer en neie System op d’Been gestallt. Et war eng Zort „Hybrid-Cours“, wou deen een Deel vun der Klass Doheem virum Computer sëtzt an de Cours suivéiert an deen aneren Deel am Cours beim Proff sëtzt. All Woch gëtt dann ofgewiesselt. Sou hat jidder Student awer d’Méiglechkeet nees heiansdo op d’Uni ze kommen an och Kontakt mat anere Studenten ze hunn.
Elo gouf awer nees vun der Uni decidéiert, d’Coursen nëmmen nach online ze halen, well d’Situatioun nees méi schlëmm ginn ass. Et wéilt een einfach vermeiden, dass d’Studente sech am Cours ustiechen. Weiderhi géinge se awer probéieren, de „Learning Center“ an och d’Kantin um Belval opzehalen, fir dass d’Studenten awer bis op de Campus kéinte kommen, fir ze léieren. Et ass keng einfach Zäit fir Student ze sinn. Ma mir hunn der zwee getraff, déi den Ament op der Uni.lu studéieren an déi eis erzielen, wéi hiren Alldag esou ausgesäit.