
Hunn d'Lëtzebuerger Autoritéiten d'Bierger fréi genuch informéiert iwwer den Impakt op d'Loftqualitéit duerch d'Bëschbränn am Héije Venn? Dat wëllen direkt e puer Deputéiert, dorënner och vun der CSV-Fraktioun, e Méindeg vum Inneministère wëssen. Datt e Sonndegnomëtteg an enger éischter Alerte just vun engem "desagreabele Geroch" rieds gaangen ass, huet nawell fir Opreegung gesuergt.
Kuerz viru 15 Auer war déi éischt Notifikatioun iwwer den LU-Alert-System erausgaangen. Eng Recommandatioun, fir sech virum Damp ze protegéieren, gouf et dee Moment net. Et wier an éischter Linn dorëmmer gaangen, d’Bierger ze informéieren a se net a Panik ze versetzen, erkläert de Chef vun der Direktioun vun der Sécurité Civile am Inneministère, Alain Becker, op Nofro. Um Site vun LU-Alert wieren och permanent Notifikatiounen an Informatioune komm.

Dee Moment, an deem déi Alerte erausgaange wier, hätt et och keng akut Gefor fir d'Bevëlkerung ginn. Nodeems e Sonndeg am Nomëtteg eng Cellule d'évaluation beienee koum, goufen d'Bierger du géint 20 Auer owes iwwer den LU-Alert opgeruff, preventiv hir Dieren a Fënsteren zouzeloossen. Verschidde Gemengen a Wiederdéngschter haten déi Recommandatioun schonn éischter erausginn.
Et wier ee sech bewosst, datt een heiansdo de Virworf géing gemaach kréien, datt een net esou séier géing reagéieren ewéi anerer, esou den Alain Becker. Et wier awer och d'Responsabilitéit vum Staat, Moossnamen ze ergräifen, respektiv ze entscheeden, déi dann en Impakt kënnen hunn op eng Gesellschaft. An dofir wier et och wichteg, dass een e bësse Recul hätt.
E Méindeg de Moien huet eng interministeriell Evaluatiounscellule nach emol iwwer d'Situatioun beroden. Den deegleche Seuil vum renge Stëbs gouf entretemps och am Grand-Duché iwwerschratt. Dat deelt den Haut-Commissariat à la protection nationale e Méindeg de Mëtteg an engem Communiqué mat. Deemno gëllt weider d'Recommandatioun, d'Fënsteren an Dieren zouzehalen an Aktivitéiten am Fräien op dat Néidegst ze limitéieren. Virun allem fir vulnerabel Persounen. En Dënschdeg dierft d'Konzentratioun vu rengem Stëbs nees erofgoen, heescht et nach an deem Schreiwes.
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez an den Haut-commissaire à la protection nationale Guy Bley stoungen iwwerdeems net fir een Interview zur Verfügung. Et wieren awer net méi Leit wéinst Otemproblemer an den Urgence gewiescht, huet déi zoustänneg CSV-Ministesch op RTL-Nofro präziséiert.
Vum engem Gesondheetsrisiko kéint een aktuell net schwätzen, confirméiert och den Dokter Gil Wirtz, Chef vum Service Pneumologie am CHL. Duerch déi Pollutioun wieren zwar liicht Symptomer ewéi Brennen an den Aen oder ee Krazen am Hals méiglech, op laang Dauer géing dat awer keng Longeproblemer mat sech bréngen. De Risiko géing awer natierlech klammen, wann déi Pollutioun weidergeet, respektiv méi staark gëtt. Virun allem Leit mat chronesche Longenerkrankunge kéinten doduerch Otemproblemer entwéckelen.
D'Entwécklunge vum Brand kënnt Dir an eisem Liveticker suivéieren: