Net just an Éisträich, mä iwwert d'Grenzen ewech hat sech "Fucking" en Numm gemaach. E Ruff, dee villen Awunner allerdéngs net gefall huet.

U sech soll d'100-Awunner-Duerf eréischt den 1. Januar 2021 op "Fugging" ëmbenannt ginn. Kuerz virum Joreswiessel goufen d'Schëlder awer schonn ausgetosch. Mat dëser Aktioun wëll een endlech Rou an den Touristen-Hotspot bréngen, deen dausende Leit wéinst sengem Numm ugezunn huet.

D'Liewen zu "Fucking" wier net dat selwecht gewiescht, huet eng Awunnerin AFP géintiwwer erzielt. Si hätt selwer materlieft, wéi Touristen hir de Mëttelfanger gewisen hätten. Ouni Grond. E vulgäre Gest, dee bei déi "obszön" Bedeitung vum Uertschaftsnumm an der englescher Sprooch passt.

Liicht gefall ass den Awunner d'Decisioun net, hir Heemecht ëmzebenennen. Et hätt nämlech vill Geld kascht, den Numm ze änneren. Eng Alternativ wier et allerdéngs net ginn, fir nees zur Rou ze kommen. Ëmmer nees hätten Touristen d'Stroosseschëlder als Souvenir matgoe gelooss. Donieft hu sech vill Mënsche mat net-jugendfräie Pose virun den Uertsschëlder fotograféiere gelooss an hunn dës an de sozialen Netzwierker gedeelt.

Eng weider Suerg vun den Awunner war, dass wéinst der Bedeitung vum Begrëff "Fucking" e Puff am dach idylleschen Duerf seng Dieren opmaache kéint.

"Fucking" oder "Fugging"... ob déi beléifte Selfie-Destinatioun nees u Popularitéit verléiert a keng Touriste méi unzéie wäert, wäert sech nächst Jore weisen. A Vergiessenheet gerode wäert d'Kult-Duerf a säin dach aussergewéinlechen Numm warscheinlech net esou séier... Jiddefalls goufen déi nei Schëlder an der Nuecht iwwermoolt. Aus "Fugging" gouf also nees "Fucking".