4 Famillje weisen eis, wat si dës Fuesvakanz ënnerhuelen. Als Inspiratioun an dësen Zäiten, wou Fuesbaler a vill aner Fräizäitaktivitéiten onméiglech sinn.
An eiser éischter Episod si mir dobaussen. Et ass zwar kal, mee grad dofir ass de Mëllerdall eng flott Plaz, fir d'Natur z'entdecken. E besonneschen Highlight ass d'Kallektuffquell. Et ginn e puer Méiglechkeeten, fir dohinner ze kommen. Entweder iwwert de Mëllerdalltrail, de lokale Wanderwee W7 (10 Kilometer) oder vun engem klenge Parking aus iwwert eng Holzbréck.
Dëst ass awer nëmmen ee vu villen Trëppeltouren, déi ee kann hei am Mëllerdall ënnerhuelen. Inspiratioun fir aner Wanderweeër, déi Dir als Famill kënnt maachen, fannt Dir op der Homepage vum regionalen Touristebüro.
Ma och am Éislek, Guttland, Minett oder op der Musel ginn et flott Randonnéeën, déi een als Famill kann entdecken:
Am Éislek: www.visit-eislek.lu
Am Guttland: www.visitguttland.lu
Am Minett: www.visitminett.lu
Op der Musel: www.visitmoselle.lu
Alternativ: Klammen an der Kloterhal
Wiem et dobaussen e bëssen ze kal ass, ka seng Energie an der Vakanz och an der Kloterhal erausloossen. De Loïc Juchem war dat ausprobéieren.