Am Live! Planet People geet et e Freideg den Owend ëm d'Reesen, Filmer an Hörbicher.

D'Anabella an de Jorge Valente si glécklech um Moto. Wat virun 3 Joer ugefaangen huet mat engem Trip, ass elo zu enger richteger Leidenschaft ginn. Vu Portugal bis Japan war alles derbäi. Ee vun den Highlights war sécher d'Mongolei, ëm déi et an hirem nächste Magazin geet a wou een alles noliese kann, wat se erlieft, gesinn a giess hunn. De Lockdown huet d'Koppel am Laos erwëscht, wou se 5 Méint festsouzen. Elo sinn déi zwee Doheem a verschaffen hir Andréck, bis d'Grenzen nees opginn an hir Rees viru geet, well d'Motoe waarden nach ëmmer am Laos.

RTL

De Christian Berkel kennt ee vum klengen a groussen Ecran, wou hien a Filmer wéi "Das Experiment" oder "Inglourious Bastards" ze gesinn war. Och vill Hörbicher huet en erausbruecht an ass als Synchronspriecher vill gefrot. Manner bekannt ass, dass hie sech och un d'Schreiwe ginn huet. Mam Buch "Der Apfelbaum" schafft hie seng eege Familljegeschicht op, fir déi hie vill Archiven duerchwullt, al Bréiwer geliest a vill Kilometere gereest ass. D'Geschicht ass sou spannend an interessant, dass am Oktober 2020 mat "Ada" d'Fortsetzung koum, an dorausser 2 Bestseller gi sinn.

RTL

E Sonndeg um 15 Auer liest hien an der Abtei Neumünster aus "Ada", a well d'Nofro fir e Samschdeg am Cube zu Maarnech esou grouss ass, gëtt et eng weider Liesung um 18 Auer aus sengem Buch "Der Apfelbaum".

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.