Am Live! Planet People geet et e Freideg ëm Musek, Schauspillerei a Literatur.

Den Andrea Galleti huet de Couvre-feu genotzt, fir säi musikalesche Repertoire ze vergréisseren. Zanter 1999 steet hien op der Bün a wëll och net méi do erof. Entdeckt gouf e vum Fausti op der Päischtcroisière an huet sech dunn a verschiddene Genren ausprobéiert. Säi groussen Duerchbroch koum 2009 am Atelier bei engem Concert vum Daniel Powter an du goung et Schlag op Schlag. Seng éischt Lidder an den Charts, déi spannend Zäit mat "Diario" an elo de musikalesche Projet A-Drew fir seng 20 Joer Karriär.

RTL

Déi däitsch Actrice Suzanne von Borsody ass zeréck zu Maarnech am Cube, fir hire Public ze verzauberen. Hir Eltere waren allebéid Schauspiller, an du war de Wee quasi virgezeechent. A ville Filmer konnt ee si op der däitscher Televisioun bewonneren, fir déi et och bal all Präisser gouf, déi een an Däitschland kréie kann. An awer, oder just grad dowéinst, huet si sech och sozial engagéiert, zum Beispill als Ambassadrice bei Unicef. Et ass fir d'drëtt, wou hire Wee se op Lëtzebuerg féiert, fir dës Kéier aus Texter a Bréiwer vum franséische Kënschtler Paul Gauguin virzeliesen.

RTL

Den Tom Hillenbrand ass zu Hamburg gebuer, huet hei zu Lëtzebuerg geschafft a lieft elo zu München. Hien huet Europapolitik studéiert, war als Journalist aktiv a verdéngt zanter Jore seng Suen als Bestsellerauteur mat spannende Geschichten.

RTL

Vill Sue stinn och am Mëttelpunkt vu sengem Thriller "Montecrypto", an deem hien eis mathëlt an d'Welt vun der neier internationaler Finanzwirtschaft.
A wie seng Krimie mam Xavier Kieffer vermësst, dee soll sech nach e bëssche gedëllegen. De 7. Deel vun der kulinarescher Krimiserie ass fir ganz geschwënn.

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.