An eiser Serie „Aussergewéinlech Beruffer“ geet et dës Kéier ëm de Chocolatier.

D'Maya a Mexiko waren déi éischt, déi Kakao ugebaut hunn. De Christoph Columbus huet déi éischt Bounen da mat eriwwer an Europa bruecht, wou een nach net sou richteg wousst, wat ee mat der batterer Boun kéint ufänken. Huet een awer Hunneg an Zocker dobäi gemëscht, da war et en eenzegaarteg Gedrénks.

Eréischt am 19. Joerhonnert du goufen uechter Europa déi éischt Schockelasfabricken opgemaach. Ma Schockela maachen ass eng Konscht fir sech.

Den Tom Oberweis ass een, deen dëst Handwierk geléiert huet a säi Liewe laang probéiert huet, fir et ze perfektionéieren. Elo mécht hie souguer selwer Schockela aus Kakaobounen, déi e sech aus der ganzer Welt schécke léist. E Prozess, deen heiansdo e puer Deeg kann daueren, well Qualitéit brauch Zäit a virun allem och Gedold.

Déi aner Episoden am Iwwerbléck