Muss een de Moment e schlecht Gewëssen hunn, wann een an d'Vakanz flitt? Doriwwer kann ee stonnelaang diskutéieren. Anerer schwätze net laang a maachen et.

Fir vill Leit goung et dunn dës Woch Direktioun Mallorca. Gebraucht gëtt en negative PCR-Test fir dohinner, a fir zeréck entweder e PCR- oder Antigentest. Am Bagage, nieft Bikini a kuerzer Box och e Pak mat Masken. Well déi mussen op der Insel, mat ganz wéineg Ausnamen, permanent gedroe ginn. E puer Andréck vun enger, soe mer mol entspaanter Vakanz a Pandemiezäiten. Bei 80% manner Touristen iwwer Ouschteren wéi déi Joren viru Corona, bleift genuch Plaz, fir Ofstand ze halen. Zemools op de Plagen läit keen op deem anere sengem Handduch.

Déijéineg, déi awer elo op Mallorca komm sinn, fir exzessiv ze feieren, goufe mat der Realitéit konfrontéiert. Ofgesi vum Alkoholverbuet op de Stroossen an op der Plage, gëtt no 5 Auer owes néierens méi e Patt zerwéiert. Eng Ausgangsspär gëllt vun owes 10 bis moies 6. Datt och jiddereen, Tourist wéi Awunner, sech un d Reegelen hält, gëtt vun der Police streng kontrolléiert.

Kee Party-Tourismus an awer ass Mallorca wéinst den niddregen Zuelen als Reesdestinatioun gefrot wéi ni. Hoffnung fir eng Insel, déi praktesch finanziell um Enn ass.