Eng vun de erfollegräichste Serië vun de leschte Joren, dierft ouni Zweiwel d’US-Comedy-Serie „Modern Family“ sinn. Ma elo ass awer leider Schluss...

Mëttlerweil huet „Modern Family“ Millioune Fans an huet an de leschte Jore praktesch all Award agestach, deen een als Serie international kréie kann. Ma elo ass awer mat der mëttlerweil 11. Staffel an am ganzen 250 Episode Schluss mat Modern Family. Op der däitscher Tëlee kann een dann elo och déi lescht Staffel vu Modern Family kucken.

D’Fans soen der verréckter awer sympathescher Famill Äddi. Mat vill Witz an deels grenzwäertegem Humor, ma awer och mat enger gewësser Authentizitéit a Seriositéit, hunn d’Charakteren aus Modern Family de Publik ronn e Joerzéngt ënnerhalen. Erstaunlecherweis hätte wuel déi 3 eenzel Famillen, déi zu enger grousser Famill gehéieren, wuel wéineg mateneen ze dinn, wa se net matenee verwannt wieren… Deels sinn se einfach grondverschidden, dorënner den Jay, gespillt vum Ex-Al Bundy Schauspiller Ed O’Neil a seng däitlech méi jonk Fra Gloria. Hien éischter pragmatesch a mat engem Fouss an der Pensioun, hat eng feireg Latina.

„Wir sind grundverschieden! Jay kommt aus der Großstadt, er hat eine erfolgreiche Firma. Ich komme aus einem winzigen Dorf. Es ist in ganz Kolumbien das führende Dorf in Sachen – wie heißt das?“ „Morde!“ „Ja, Morde!“

Da wier do och dem Jay seng Duechter, d’Claire, dat bestuet ass an 3 Kanner huet. Virun allem seng 2 Meedercher wëll d’Claire sou gutt et geet protegéieren.

„Ich war außer Rand und Band in meiner Jugend – so, jetzt ist es raus. Und ich will einfach nicht, dass meine Kinder dieselben blöden Fehler machen, die ich gemacht habe. Wenn Haley nie halbnackt an einem Strand in Florida aufwacht, habe ich meine Pflicht getan.“ „Unsere Pflicht!“ „Habe ich unsere Pflicht getan!“

Alldagssituatiounen, déi mer alleguerte kennen, an op eemol komplett aus dem Rudder lafen… dat ass de Witz, dee Modern Family ausmécht a sou speziell mécht. Dem Claire säi Mann Phil, en absolutte Fan-Favorit aus der Serie, trëppelt zum Beispill an all Fettnäpfchen an dat een trëppele kann.

„Ich bin Phil Dunphry und ich bin kein Perverser. Ich – wie viele Männer in dieser Stadt – genieße es, mit meiner Frau Liebe zu machen. Ich meine, mit ihren Frauen. Nicht ich! Sie! Also, es wäre besser, wenn ich mich setze und nichts sage – ist aber zu spät. Ich stehe und offensichtlich rede ich!“

Wéi gesot ass d’Serie leider op en Enn gaangen, ma Fans kënnen sech ënnert anerem elo mat e wéineg Literatur vertréischten, hei gëtt et nämlech elo en ultimatiivt -Fan Buch mat allen Infoen zu de Personnagen, Schauspiller, Handlungen a ganz vill Hannergrondinformatiounen an Inside-Jokes.

An ee sou ee Buch kënnt der dann och bei eis gewannen… Also virun allem eppes fir d’Fans vun der Serie „Modern Family“. Matmaache kënnt der ganz einfach wann der bei eisem Gewënnspill matmaacht!