De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel ass elo och op "TikTok"

© AFP Archivbild
Nee, et ass kee Fake-TikTok-Kont, et ass tatsächlech dee vum Lëtzebuerger Staatsminister Xavier Bettel. En éischte Clip ass och schonn online.
Eise Premier ass op ville Reseaue vertrueden, an elo deemno och op TikTok. Op der Video-Plattform, wou ee kuerz a witzeg Clippen ophuelen an nomaache kann, huet sech de Xavier Bettel ganz einfach mol selwer synchroniséiert, besser gesot seng Opfuerderung vum "bleift doheem".
Den éischte Clip vum Lëtzebuerger Staatsminister, deen e Méindeg gepost gouf, ass bis haut (Stand 14.04.21 16 Auer) 7617 Mol geliked ginn.
D'Ekipp vum RTL-Magazin huet no enger Reaktioun gefrot, leider war den Här Bettel net z'erreechen. Mir wäerten awer weiderhin eisem Premier seng Videoen op TikTok suivéieren.
Et dierf ee gespaant sinn, wat sech de Premier als nächst afale léisst....