VermësstemeldungPolice sicht nom 15 Joer ale Lana Weyland

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet en Dënschdeg eng Vermësstemeldung erausginn. Dat 15 Joer aalt Meedche gouf fir d'lescht e Sonndeg gesinn.
© Police / RTL

D'Police sicht nom 15 Joer ale Lana Weyland, dat fir d'lescht e Sonndeg gesi gouf. D'Meedchen ass tëscht 1,60 an 1,70 Meter grouss, ass schlank an huet laang schwaarz Hoer. Wéi hatt fir d'lescht gesi gouf, hat hatt schwaarz-wäiss Schong un, eng schwaarz Joggingsbox an eng schwaarz Jackett.

Wie weess, wou d'Meedche sech ophält, ass gebieden, sech bei der Police vun Ettelbréck ënnert der Nummer 244 84 1000 oder per Mail u police.ettelbruck@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO