Pretekoll vun 145 Euro an 2 PunktenPolice pëtzt Scooter-Fuerer op der Autobunn

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Mëtteg war fir ee Chauffer de Wee iwwer d'A7 méi deier ginn.
© BORIS HAMER

Wéi d'Police schreift, war hinne géint 13:10 Auer e puer Mol e Scooter op der Autobunn A7 Richtung Stad gemellt ginn. Eng Patrull konnt den Tëff dunn och lokaliséieren an huet dëse vun der Autobunn erof begleet.

Vue datt 50ccm Scooteren awer net op der Autobunn erlaabt sinn, muss de Chauffer elo e Pretekoll vun 145 Euro bezuelen a krut zwee Punkten ofgezunn.

Back to Top
CIM LOGO