Zanter gutt engem Joer steet de Grand-Duc Guillaume un der Spëtzt vu Lëtzebuerg. E Mëttwoch feiert de Groussherzog seng 45 Joer.
De Guillaume gouf den 11. November 1981 als eelste Kand vum deemolegen Ierfgroussherzog Henri an der Ierfgroussherzogin Maria Teresa gebuer. Als eelste Jong vun der groussherzoglecher Koppel war fir hie scho fréi eng zukünfteg Roll un der Spëtzt vun der lëtzebuergescher Monarchie virgesinn.
Hien ass den 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog ernannt ginn an ass zanter dem 19. Oktober 2012 mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy bestuet. Den 3. Oktober 2025 ass hien offiziell Grand-Duc ginn.
Den 10. Mee 2020 ass den Ierfgroussherzog eng éischte Kéier Papp ginn. Um 5.13 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte koum den Trounfollger Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume op d'Welt. Säi klenge Brudder Prënz François, dee mat ganzem Numm François Henri Louis Marie Guillaume heescht, koum de 27. Mäerz 2023 op d'Welt.