Waarden op e Spenderorgan an ni wëssen, wéini an ob een iwwerhaapt eng Kéier ee kritt. Dat ass den Alldag vum klengen Dean.

Den 12 Joer jonke Bouf leit zanter senger Gebuert un enger ganz seelener Krankheet. Hien huet a sengem Liewe bal méi Deeg am Spidol verbruecht, wéi Doheem bei senger Famill oder an der Schoul bei senge Kolleegen. Säin Dënndaarm funktionéiert net richteg, sou dass den Dean keng Närstoffer aus dem Iesse kann ophuelen. Hie gëtt dofir kënschtlech erniert. Iwwert d'Joren huet hie misse sëllegen Operatiounen iwwert sech ergoe loossen an duerch säi geschwächten Immunsystem ass hie vill méi vulnerabel, fir Infektiounen ze kréien.

Eng Situatioun, déi de Bouf net nëmme kierperlech, mee och séilesch immens mathëlt. Dofir huet seng Mamm eng Facebook-Säit opgemaach, wou Leit him kënnen e léiwe Message hannerloossen. Honnerte vun Noriichten a Videoe krut hie scho geschéckt an duerch dës Säit ass och en amerikanescht Kannerspidol op hien opmierksam ginn, déi sech senger elo wëllen unhuelen.

Eng lescht Chance fir den Dean, well ouni Spenderorgan kéint all Dag säi leschte sinn, well d'Medezin hei him säi Liewe kann erhalen, ma net awer retten. An Amerika hätt hien d'Méiglechkeet, nei Therapien auszeprobéieren an d'Probabilitéit, e Spenderorgan ze fannen, ass vill méi héich. Allerdéngs ass dat finanziell immens opwänneg a sou sammelt dem Dean seng Famill elo Spenden iwwert Facebook, fir him den Transport an d'Therapie dohannen ze erméiglechen an domadder e Start an en neit Liewen.