Zanter 12 Joer steet d'US-Popsängerin elo schonn ënner der Tutelle vun hirem Papp. Elo geet de Sträit an eng nächst Etapp.

Déi 39 Joer al Popsängerin wäert den 23. Juni perséinlech viru Gericht zu Los Angeles aussoen. Zu den Hannergrënn wollt hiren Affekot Samuel Ingham näischt weider soen. Sengen Aussoen no hätt d'Britney Spears Angscht virun hirem Papp.

Schonn d'lescht Joer war si iwwerdeems viru Geriicht gezunn, fir en Enn vun der Tutelle ze erreechen. No enger Rei vun ëffentlechen Zesummebréch vum Ex-Teenie-Star hat den Jamie Spears am Joer 2008 d'Tutelle iwwer seng Duechter kritt an zanterhier déi rechtlech a finanziell Ugeleeënheete gereegelt. Am Februar hat d'Geriicht geurteelt, dass hien d'Verméige vu sengem Meedche weider geréiere sollt - dëst zesumme mat der Fiduciaire Bessemer Trust.

RTL

© AFP/Archiv/Patrick T. FALLON

Den ëffentlechen Interessi un der Affär gouf fir d'lescht duerch den Documentaire "Framing Britney Spears" ugeheizt, deen déi rechtlech Entmündegung vum Popstar nogezeechent huet. Ënner dem Hashtag #FreeBritney hu Fans en Enn vun der Tutelle gefuerdert.

Mat Hits wéi "Baby One More Time", "Oops! I Did It Again" an "Toxic" war d'Britney Spears Ufank den 2000er Joren déi beschtbezuelte Sängerin vun der Welt. Dono koumen ëmmer erëm berufflech a privat Réckschléi. Wéinst psychesche Problemer gouf d'Mamm vun zwee Bouwen 2008 temporär an eng Klinick zwangsagewisen.