Wéi den däitschen RTL matdeelt, ass hien no kuerzer, awer schwéierer Krankheet en Dënschdeg verscheet.

"Mir alleguerte si geschockt an zudéifst traureg iwwert de plëtzlechen Doud vum Jan. D'RTL-Famill verléiert e ganz besonnesche Mënsch a Kolleeg, deen eis vill wonnerbar Fernsee-Momenter geschenkt huet", schreift de Gerant vun RTL News.

20 Joer stoung hie virun der Kamera op der däitscher Tëlee. Zanter 2017 war de Jan Hahn an der Show "Guten Morgen Deutschland" ze gesinn an huet och schonn eng Partie aner Sendunge moderéiert. Vun 2005 bis 2016 war hien d'Gesiicht vum Sat.1-Frühstücksfernsehen.

De Jan Hahn hannerléisst 3 Kanner.