De Päischtweekend steet virun der Dier an do hannendrun d'Schoulvakanz. Kee Wonner, vill Leit wëllen dem schlechte Wieder zu Lëtzebuerg de Réck dréinen.

Bei der Luxair ass scho vill gebucht an och d'Schëffscroisièren zéien nees un. Mä de Covid ass net aus der Welt an dofir ass d'Arees an aner Länner och weider mat Konditioune verbonnen. Tierkei, Griicheland, Spuenien, Portugal. 4 Länner déi elo fir d'Päischtvakanz Héichkonjunktur bei den Touristen hunn.

Et géifen ëmmer méi Länner op de Wee goen, fir hir Arees-Restriktiounen ze lackeren. Mënschen, déi ganz vaccinéiert sinn, bräichte keen negative Coronatest méi. Dat gëllt ënner anerem fir d'Destinatioune Griicheland, Kroatien oder Madeira.

Bis den 30. Juni muss een en negative Coronatest virweise kënnen, wann ee wëll iwwer de Loftwee a Lëtzebuerg areesen. An deene grousse Länner wéi Spuenien, Portugal oder Griicheland offréiert d'Lëtzebuerger Airline hire Clienten dës Tester.

Um Schëff Vakanz maachen, ass och nees méiglech. Hei wär virun allem de Mëttelmierraum vill gefrot. D'Hygièneskonditiounen um Boot sinn esou änlech ewéi an engem Hotel.

Nieft dem PCR-Test, deen ee brauch fir op d'Schëff, gëtt virum Embarquement och nach eemol getest. Fir zréck bidden d'Reedereien hire Clientë Schnelltester u Bord un.