Et gëtt also nach eng Suitte vun der Trilogie "Fifty Shades of Grey" an et geet och wéi gewinnt nees ëm Fetisch, ma och ëm d'Bestietnes.

Iwwer 165 Millioune Bicher vun der Sado-Maso-Trilogie goufe verkaf, duerno koum nach "Grey: Fifty Shades of Grey as Told by Christian" an "Darker: Fifty Shades Darker as Told by Christian". Fir den Tëppelchen op den "i" ze setzen, kënnt dann elo dat lescht, finaalt Kapitel eraus: "Freed".

Den Hype ëm de Christian Grey an säin Anastasia ass also nach aktuell. Am neie Buch geet et ëm hir Hochzäit an d'Erausfuerderungen, déi e Bestietnes mat sech bréngen. Medieberichter no géif der Koppel hir Leidenschaft méi déif a waarm brenne wéi jeemools virdrun, ma d'Ana wier nach ëmmer trotzeg a géif dem Christian seng däischterst Ängschten a säi Bedierfnis d'Kontroll ze hunn, testen.

Héiert sech ganz staark dono un, wéi wann et nawell dacks a Richtung "Spillzëmmer" geet?!

Am Buch "Freed" ginn awer méi d'Aspekter aus dem Christian sengem Liewen analyséiert, déi an der ursprénglecher Trilogie schonn ugeschnidde goufen. D'Buch koum iwwregens offiziell den 1. Juni eraus, och an däitscher Versioun.