Wien am Summer net ze wäit wollt Vakanz maachen an dat an engem Haus oder enger Wunneng, dee muss sech bäimaachen, d'Offer gëtt knapp.

Och wann d'Präisser duerch déi héich Nofro net nennenswäert an d'Luucht gaange sinn, dee muss awer lo flexibel sinn. Et fanne sech nämlech net méi esou vill fräi Vakanzenhaiser a Wunnenge bei eisen däitschen Noperen. "Wien am Allgäu näischt fënnt, muss vläicht an den Haarz auswäichen. Wien an der Mecklenburgischen Seeplatte net fündeg gëtt, huet am Spreewald Succès", huet den Däitschen Ferienhausverband en Donneschdeg erkläert.

Wat kloer ass, d'Hotspots ginn ëmmer méi knapp. E Peak bei de Reservatioune gouf et deemno kuerz nodeems d'Lockerunge fir de Summer an Däitschland annoncéiert goufen. De Gros vun den Däitschen, ma wuel och aus der Groussregioun wëlle léiwer an der Ëmgéigend Vakanz maachen.

D'Präisser sinn dobäi net signifikativ an d'Luucht gaangen. Enger Ëmfro vun Enn Abrëll no hu 75 Prozent vu gutt 10.500 Proprietäre vu Vakanzenhaiser a Wunnengen uginn, de Präis net erhéicht ze hunn, 2 Prozent hu souguer hir Präisser erofgesat an 72,1 Prozent hunn ausgesot, keng Präishausse ze plangen.