Am Live! Planet People geet et ëm e Vëlostour vu 1.500 km Richtung Italien, Dammentennis an d'Foire Agricole.

RTL

De Vincenzo CARAMUTA mécht sech de 17. Juli mam Vëlo op de Wee Richtung Italien. Ob hien a säi Kolleeg Matteo waarden 1.500 km. D'Iddi ass zu spéider Stonn op enger Hochzäit zu San Nicandro Garganico entstanen. Deen Dag drop hu se sech awer nach drun erënnert an elo kann et endlech lassgoen. Coach war de Frank Schleck an d'Kette sinn och scho geschmiert, fir de 25. Juli gesond a monter op der Destinatioun unzekommen. Parallel gi Suen gesammelt fir kriibskrank Kanner zu Lëtzebuerg an AGAPE vu San Nicandro Garganico.

RTL

D'Dan MAAS stécht voll am Stress mat de Preparativen fir den Dammentennistournoi, well den 11. September geet et endlech nees lass op der Kockelscheier. No engem Joer Paus wéinst der Pandemie erwaarden ee wärend 9 Deeg 30 Spillerinnen um Haapttableau,16 Ekippen am Doubel, e Präisgeld vun 250.000 USD a vill gutt Ënnerhalung ronderëm. Op der grousser Gala fir de 25. Anniversaire gëtt an der Philharmonie vun der IWTP de "Jana Novotna Award" un d'Julia GOERGES an Ana IVANOVIC iwwerreecht, an de Joachim Llambi versprécht vill Iwwerraschungen.

RTL

No enger 100% virtueller Editioun 2020 wäert d'Foire Agricole zu Ettelbréck dëse Weekend och nees Leit an den Däichwisen begréissen. Covid-gerecht kritt ee vu moies 9 bis owes 19 Auer déi 3 Deeg bei ronn 170 Exposanten um Site en Abléck an all Beruffer, déi mat der Landwirtschaft verbonne sinn. Nieft ville Virféierunge kann ee Produiten schmaachen an Déieren hautno gesinn.

Parallel kann een awer och op fae.lu, op RTL.lu an op Post TV déi virtuell Editioun suivéieren. A Form vu Reportagen aus landwirtschaftleche Betriber a Live-Gespréicher mat Vertrieder aus dem Secteur gëtt een all Dag vun 10 bis 16 Auer komplett informéiert.