An 120 Länner gëllt: E Schaumwäin dierf sech just Schampes nennen, wann en aus Drauwe gemaach ass, déi aus der Regioun Champagne stamen.

Vun där Reegel wëll de russesche President Putin näischt wëssen, hie mécht seng eege Reegelen. A Russland dierf auslännesche Schampes sech nämlech net méi Schampes nennen, souguer deen aus der Champagne selwer net. An dat suergt nawell fir diplomatesch Spannungen. Dass de Begrëff "Champagne" duerch eng Appellation d'Origine Contrôlée geschützt ass an domat enger streng kontrolléierter Bezeechnung iwwert d'Hierkonft ënnersteet, schéngt de Putin och net weider z'interesséieren.

D'Branche a Frankräich kritiséiert dat russescht Gesetz, deem no auslännesch Produiten nëmmen nach als "Schaumwäin" dierfe verkaf ginn. D'Vizepresidente vum Wënzerverband Comité Champagne, de Jean-Marie Barillère a Maxime Toubart, hunn d'Produzenten an der franséischer Regioun opgefuerdert, hire Schampes net méi u Russland ze liwweren.

De russesche President hat virun e puer Deeg e Gesetz ënnerschriwwen, deem no d'Bezeechnung "Schampanskoje" just nach dem russesche Schampes virbehalen ass. Produiten aus dem Ausland sollen dann och just nach als "Schaumwäin" verkaf ginn.

Déi franséisch Regierung huet annoncéiert, déi franséisch Hiersteller z'ënnerstëtzen an dat neit russescht Gesetz géif nach iwwerpréift ginn, sou den Handelsminister Franck Riester. Ëmmerhin ginn hei iwwer 20 Joer bilateral Verhandlungen iwwer Hierkonftsbezeechnungen a Fro gestallt. Eng Porte-parole vun der EU-Kommissioun huet sech besuergt gewisen. Et géif een déi néideg Schrëtt envisagéieren, fir déi eege Rechter ze schützen.

Bei de russesche Consommateure kënnt dem Putin seng Reegel dann och net esou gutt un. "Elo ass et un der Zäit, de Schotten an Amerikaner ze verbidden, d'Wuert "Whiskey" ze benotzen", heescht et ënner anerem op de soziale Reseauen. Et géif och nach e Gesetz feelen, dass nëmmen a Russland gebauten Autoe sech dierfe "Mercedes" nennen an den däitsche Won just nach als "auslännesch gebauten Auto".