
Fir déi, déi nach op dat gutt Wieder fir de Summer hoffen a vun der Vakanz doheem profitéiere wëllen, gouf eng nei Zort Vakanze-Guide presentéiert.
Mat der neier Applikatioun "VisitLuxembourg" kënnt der ganz Lëtzebuerg entdecken. Moies eng Visitt duerch e Musée, Mëttes an e Restaurant mat Lëtzebuerger Kascht an am Nomëtten e flotte Vëlostour laanscht d'Musel. Plange kënnt Dir dat alles elo via eng nei App.
Op Muséeën, Wanderweeër, Schlässer oder e charmanten Restaurant: d'Lëscht vun den touristeschen Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg ass laang. Eng Panoplie un Attraktiounen kommen op "VisitLuxembourg" zesummen, sou den Tourismusminister Lex Delles.
Mir hunn eng eenzeg App, wou alles dran ass. Den Tourist, dee jo op Lëtzebuerg kënnt, dee wäert net an all Regioun, zu all Attraktioun an zu all Aktivitéit, déi hie wëll maachen, eng App eroflueden. Dofir hu mir eng App, wou ee souwuel, wann ee wëll, am Virfeld doheem seng Rees ka plangen wéi och, wann en hei ass, an ëmmer erëm ka kucken, wat e dann kann maachen.
Duerch dës App huet een alles op ee Bléck beieneen: dat bréngt e sëllegen Avantagen, esou de Minister.
Dass et méi accessibel ass, dass e Vermaartungsoutil. Et gi ganz vill Saache gespuert: Drock, Käschte vu verschiddene Deplianten. Et ass ee vill méi flexibel, et kann ee vill méi séier agéieren a reagéieren. Natierlech ass den Zäitgewënn dobäi. Dass eng Vereinfachung vun de Prozesser an d'Visibilitéit vun all eenzel Attraktioun, vun all eenzel Manifestatioun ka kréien.
Déi 6 Kategorien an 20 Ënnerkategorien erméiglechen dem Tourist oder Resident, en Dag voller Ofwiesslung ze plangen. En Ticket fir an de Naturmusée zum Beispill kënnt Dir elo ganz gemittlech am Viraus iwwert d'App kafen. Et geet alles a Richtung Digitaliséierung.
Et ass eng App, wou alleguerten d'Acteure sech kënnen drun uschléissen, fir och do déi eenzel Schnëttstellen ze maachen. Fir déi eenzel Attraktiounen, fir déi eenzel Muséeën, dass déi och kënnen de Schrëtt vereinfach kréien, sech ze digitaliséieren.
D'Applikatioun wäert an de nächste Méint ëmmer erëm frësch ugepasst ginn. Dir kënnt se gratis am App Store oder bei Google Play eroflueden.

© Screenshot iOS App Store
De Communiqué
L’application «VisitLuxembourg», un compagnon de voyage personnel (13.07.2021) | |
| |
En date du 13 juillet 2021, Lex Delles, ministre du Tourisme, a présenté l’application «VisitLuxembourg», le nouveau compagnon de voyage personnel au Luxembourg. L’application «VisitLuxembourg» est téléchargeable gratuitement sur l'App Store ou Google Play et est actuellement disponible en langue allemande, française et anglaise. La «LuxembourgCard», qui donne droit à une entrée gratuite ou à prix réduit dans de nombreuses attractions, est disponible sur l’application. |