Mir huelen Iech mat bis déi Säit Réimech. Just e puer Kilometer hannert der Grenz läit Kreuzweiler.

Grad emol 350 Awunner zielt Kräizweiler a mat dem Trakter an Heimatmuseum vum Robert Willkomm hu si och eng touristesch Attraktioun ze bidden. E bëssche verstoppt hannert den Haiser stéisst een op en imposanten Holzchalet. Zesumme mat der Famill, an handwierklechem Geschéck, goufen 120 Meter Festholz verschafft an de Bau a 5 Joer eropgezunn.

An do stinn Trakteren a Landmaschinnen, an net ze knapps.

De Christian Schmit op Besuch am Heimatmuseum a Lanz Bulldog