
Amateuren an Interesséierter vu Moud kënnen déi ganz Evenementer digital suivéieren, ma et sinn tatsächlech och nees normal Live-Shows virgesinn.
11. September
12. September
13. September
14. September
15. September
Nieft ville bekannten Designer an anere Promien, ass awer och e bekannte Gesiicht vu Lëtzebuerg op der Berliner Fashion Week ze gesinn, nämlech d’Valérie Wagner. Wéi d’Lëtzebuergerin déi lescht Deeg an der däitscher Haaptstad erlieft huet, huet si eis e Mëttwoch de Moie vun der Plaz verroden.
An den Dag fänkt fir e Model nawell fréi un, do heescht et um 6 Auer sur place sinn. An dat ass och net vun ongeféier, nieft de ganze Preparatioune wéi Maquillage, Coiffure an an den Outfit klammen, hëlt de Covid-Check nämlech e gudde Batz Zäit ewech, wat och fir zousätzleche Stress bei alle Bedeelegten suergt. Well ouni Test duerf och keen eran.
D’Valérie Wagner ass fir d’Berliner Designerin Isabel Vollrath gelaf. Si ass virun allem bekannt fir hir Haute Couture a gëtt an deem Sënn zu Berlin och “Wunderwesen der Couture” genannt.