Udo Jürgens: Vaterschaftstest ass negativ!

© AFP
An de leschte Wochen huet eng 39 Joer al Fra fir Opreegung an der däitscher Press gesuergt. D'Jennifer Trippel huet behaapt den Udo Jürgens wär hire Papp.
Am Fréijoer 2009 hätt hir Mamm hir gesot, datt si d'Duechter vum Sänger wär. Doropshin huet si per Geriicht duerchgesat, datt e Vaterschaftstest gemaach ginn ass.
Elo läit dann d'Resultat vir, dat beweist, datt de 77 Joer ale Sänger net de Papp vum Jennifer Trippel ka sinn.
Den Udo Jürgens hat sech vun Ufank u géint d'Rumeure gewiert. Hien hätt zwar ni u sech gezweiwelt, mä schonn eleng de Fait, datt Leit esou Saachen einfach giffe behaapten, giff hie schockéieren.
2008 hat schonn eng Kéier eng Fra behaapt d'Duechter vum Jürgens ze sinn an och deemools konnt de Géigendeel bewise ginn.