Den dänesche Bezierk konnt d'Jury duerch seng Mëschung aus historesche Gebaier, moderner Architektur a gastronomeschen Offeren iwwerzeegen.
Am Kopenhagener Nørrebro sinn an de Corona-Joren 2020 an 2021 nei Bäckereien, Restauranten a Bare mam Schwéierpunkt lokal a saisonal Produiten entstanen. Ma och déi autofräi Sonndeger, d'Livemusek an d'Floumäert si gutt bei den Awunner ukomm.
Op déi 2. Plaz huet et Andersonville zu Chicago gepackt. Dëse Véierel ass déi historesch schwedesch Enklav vun der Stad an ass hautdesdaags bekannt fir säin LGBTQ+-Nuetsliewen an déi grouss Vilfalt u Lokaler. De Bezierk war scho viru Corona eng beléifte Géigend, ma wärend der Pandemie gouf en duerch seng Proximitéit zu de Stränn nach méi attraktiv fir d'Leit.
Jongno 3-ga zu Seoul huet och de Wee an d'Top3 vum Ranking fonnt. Historesch, exzentresch an onpretentiéis, sou gëtt dëse Stadvéierel vun "Time Out" beschriwwen. De Bezierk läit am Zentrum vun der Stad an huet vill Palaisen, Galerien an aner touristesch Attraktiounen opweises. Jongno 3-ga ass awer och d'Doheem vun der LGBTQ+-Communautéit zu Seoul.
Gutt ofgeschnidden huet iwwerdeems och Leith zu Edinburgh mat senger 4. Plaz. Fréier e wichtegen Handelshafen, elo e kulturellen Hotspot mat grousse Kulturinstitutiounen. Och Gourmet-Fans kommen an dësem Véierel op hir Käschten duerch d'Michelin-Stäre-Route.
Weider an der Top10 vertruede si Station District (Vilnius), Chelsea (New York), XI District (Budapest), Ngor (Dakar), Sai Kung (Hong Kong) a Richmond (Melbourne). Eist Nopeschland Däitschland huet et op Plaz 11 mat Neukölln (Berlin) gepackt. Kee Véierel an der däitscher Haaptstad géing d'Dynamik vu Berlin esou gutt erëmspigele wéi Neukölln, heescht et vum Auteur Nathan Ma.
Fir d'drëtte Kéier huet "Time Out" de Ranking "world's coolest neighbourhoods" verëffentlecht. Fir dësen op d'Been ze stellen, goufe 27.000 Stadbewunner befrot. Ënnert anerem d'Kultur, d'Nuetsliewen, d'Gastronomie, d'Liewensgefill an d'Nohaltegkeet goufen hei ënnert d'Lupp geholl.
De Ranking am Iwwerbléck
Rang | Véierel | Stad |
1 | Norrebro | Kopenhagen, Dänemark |
2 | Andersonville | Chicago, USA |
3 | Jongno 3-ga | Seoul, Südkorea |
4 | Leith | Edinburgh, Groussbritannien |
5 | Station District | Vilnius, Litauen |
6 | Chelsea | New York, USA |
7 | XI District | Budapest, Ungarn |
8 | Ngor | Dakar, Senegal |
9 | Sai Kung | Hongkong, |
10 | Richmond | Melbourne, Australien |
11 | Neukölln | Berlin, Däitschland |
[...] | Stadvéierel an Europa: | |
13 | Dalston | London, Groussbritannien |
15 | Dublin 8 | Dublin, Irland |
16 | Zoloti Vorota | Kiew, Ukrain |
17 | Noord | Amsterdam, Holland |
20 | Ancoats | Manchester, Groussbritannien |
21 | Sagene | Oslo, Norwegen |
24 | Gràcia | Barcelona, Spuenien |
29 | Ouseburn | Newcastle, Groussbritannien |
31 | Chamberí | Madrid, Spuenien |
32 | Vinohrady | Prag, Tschechien |
34 | Anjos | Lissabon, Portugal |
36 | Haut-Marais | Paräis, Frankräich |
38 | Foz | Porto, Portugal |
45 | Kadikoy | Istanbul, Tierkei |